
An der éischter Halleffinall vun der UEFA Nations League hat sech Portugal e Mëttwoch den Owend um Enn kloer mat 3:1 géint d’Schwäiz duerchgesat. Den Ënnerscheed hat ee Spiller gemaach, de Cristiano Ronaldo, deen déi 3 Goler fir d’Portugise geschoss huet. Déi stoungen also als éischte Finalist fest.
RTL-NEWS iwwer déi éischt Halleffinall.En Donneschdeg den Owend stounge sech zu Guimaraes an der zweeter Halleffinall Holland an England géigeniwwer.
An der 32. Minutt huet de Rashford d’Three Lions op Eelefmeter no vir bruecht, nodeems hien onnéideg vum de Ligt am Strofraum gefoult gi war. Bis dohi war et eng Partie ouni vill Héichpunkten.
Ma no der Paus gouf méi gekämpft: An der 53. huet et de Sancho bei enger super Geleeënheet mam Kapp verpasst, den 2:0 ze maachen, an an der 73. Minutt konnt den De Ligt fir d’Oranje ausgläichen. Dat war deen Ament och verdéngt.
Well et esou och no der regulärer Spillzäit, inklusiv 7 Minutten Nospillzäit stoung, huet et mussen an d’Verlängerung goen.
Hei huet de Walker duerch e Selbstgol d’Hollänner an der 97. Minutt onfräiwëlleg a Féierung bruecht. Et war, wann een esou wëll, e Slapstickgol, wéi d’AFP schreift: De Englänner John Stones verjuppt de Ball am eegene 16-Meter, dunn huet de Quincy Promes iwwerem Grätschen de Kyle Walker ugeschoss a vun deem sengem Schinnebeen flitt de Ball iwwer de Kipper Jordan Pickford an den englesche Gol ...
D’Englänner hunn also musse reagéieren an e bëssen opmaachen. An der 114. Minutt gouf dat bestrooft, well dunn huet de Promes fir de virentscheedenden 3:1 gesuergt. Domat war d’Entscheedung gefall, Holland steet an der Finall an do heescht de Géigner Portugal.
D’Spill ëm d’Plaz 3 England-Schwäiz ass e Sonndeg um 15 Auer.
D’Finall Portugal-Holland gëtt e Sonndeg den Owend um 20.45 Auer gespillt - an och live op RTL Télé Lëtzebuerg (2. Programm) an RTL.lu iwwerdroen.
De Gewënner kritt 10 Milliounen an eng grouss Coupe aus Sterling-Sëlwer.