
20 km nom Départ hat den 30-Järegen Norweger alles riskéiert a sech vum Haaptfeld ofgesat. Zäitwäis konnt e bis zu 1 Minutt Ecart erausfueren an déi aner Leefer kruten en och net méi ageholl an den Hans Christer Holund wënnt virum Alexander Bolushnov (+27,8 Sekonnen) an dem Sjur Roethe (+57,8 Sekonnen).