DëschtennisHouwald behaapt sech an der Coupe-Finall géint Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme konnt sech iwwerdeems d'Ekipp vun Nidderkäerjeng den Titel an der Finall géint Rued sécheren.
Houwald an Nidderkäerjeng wanne Coupe am Dëschtennis
Bei den Dammen huet Nidderkäerjeng an der Finall Rued geklappt a bei den Hären huet sech den Houwald géint Diddeleng duerchgesat.

E Samschdeg stoungen am Dëschtennis bei den Dammen a bei den Hären d’Finalle vun der Coupe um Programm. Bei den Damme konnt sech Nidderkäerjeng mat 4:0 géint Rued duerchsetzen a bei den Hären ass et eng Victoire fir Houwald ginn.

Hären

Houwald - Diddeleng 4:1

Diddeleng huet e gudde Start erwëscht a konnt sou och mat 1:0 a Féierung goen. Duerno huet Houwald awer e gutt Stéck zougeluecht an de Géigner sou ënner Drock gesat. Mat der Zäit ass aus dem Réckstand also eng Féierung ginn, déi sech déi Diddelenger Ekipp net méi zréckhuele konnt. Um Enn séchert sech domat Houwald den Titel an der Coupe duerch eng 4:1-Victoire.

Dammen

Nidderkäerjeng - Rued 4:0

PDF: D'Matdeelung vun der FLTT

Back to Top
CIM LOGO