Internationale FuttballHSV verléiert a leschter Sekonn, Liverpool mat Remis beim FC Everton

RTL Lëtzebuerg
Den Hamburger SV huet sech an der Course ëm den Opstig an d'1. Bundesliga op en Neits selwer e Been gestallt a muss elo souguer ëm d'Relegatioun zidderen.
© AFP (Archiv)

Drama bis zum Schluss: Den HSV huet um zweetleschte Spilldag an der 2. Bundesliga beim 1. FC Heidenheim duerch zwee spéit Goler mat 1:2 de Kierzere gezunn. D’Ekipp vum Dieter Hecking kann duerch dës Defaite net méi direkt opsteigen an huet och Heidenheim misse laanschtzéie loossen, sou datt déi elo mat 55 Punkten op der 3. Plaz (Relegatioun) stinn an den HSV mat 54 Punkten nëmmen nach 4. ass. Déi Hamburger mussen deemno um leschte Spilldag op eng Néierlag vun Heidenheim hoffen a gläichzäiteg gläichspillen, fir et nach an d’Relegatioun ze packen.

Un der Spëtzt vun der Tabell ass d’Arminia Bielefeld jo scho sécher opgestigen. Op der zweeter direkter Opstigsplaz steet aktuell Stuttgart mat 58 Punkten, dat no enger 6:0-Victoire zu Nürnberg. Duerch dat bessert Golverhältnis ass hinnen déi Plaz nëmmen nach schwéier vun Heidenheim ze huelen.

Um Wupp vun der Tabell ass et och weiderhi spannend. Karlsruhe mam Dirk Carlson steet nom 3:3 géint Bielefeld mat 34 Punkten op der Relegatiounsplaz. De Lëtzebuerger gouf allerdéngs an der Paus beim Stand vun 1:3 ausgewiesselt an hat den 0:2 op der Box. Fir d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller ass um leschte Spilldag nach alles méiglech.

Karlsruhe läit aktuell also op der Relegatiounsplaz a misst esou géint den Ofstig an déi drëtt Liga spillen. De KSC huet awer och nach d’Chance sech ze retten. Dofir misst een um leschte Spilldag gewannen an Nürnberg misst verléieren. Duerch dat bessert Golverhältnis ass een direkten Ofstig quasi net méi méiglech. Wiesbaden an Dresden wäerten de Wee an d'3. Liga untriede mussen.

Premier League

An der englescher Premier League huet sech Liverpool e Sonndeg den Owend auswäerts am Derby géint den FC Everton misse mat engem 0:0 zefridde ginn. D’Ekipp vum Jürgen Klopp, déi an der Tabell eng Avance vun 23 Punkten op Manchester City huet, muss domadder nach e bëssen op den éischte Championstitel zanter 30 Joer waarden.

Sollt ManCity e Méindeg den Owend seng Partie géint den FC Burnley net gewannen, da kéint Liverpool e Mëttwoch mat enger Victoire géint Crystale Palace den 19. Titel an der Premier League an dréchen Dicher bréngen.

Den FC Chelsea huet iwwerdeems weiderhi gutt Chancen, sech fir d’Champions League ze qualifizéieren. Duerch Goler vum Pulisic an dem Giroud hunn d’Blues mat 2:1 bei Aston Villa gewonnen. Si festegen domadder hir véierte Plaz an der Tabell.

Back to Top
CIM LOGO