Dëschtennis-ChampionnatHueschtert bleift weider ongeschloen

RTL Lëtzebuerg
Et konnt e sech e Sonndeg um Houwald déi 7. Victoire am 7. Match sécheren.
© AFP

Am Dëschtennis-Ekippe-Championnat stoung um Sonndeg nach 1 Match um Programm. Hei huet den Houwald an eegener Hal mat 2:6 géint Hueschtert de Kierzere gezunn.

Um Samschdeg huet Nidderkäerjeng um 7. Spilldag 4:6 géint Diddeleng verluer, Lénger an Iechternach spille 5:5 Gläich, Lëntgen verléiert 2:6 géint Esch a Recken wënnt 6:4 géint Berbuerg.

An der Tabell bleift Hueschtert ongeschloe weider souverän un der Tabellespëtzt, viru Berbuerg a Recken.

Resultater vum Ekippechampionnat

Back to Top
CIM LOGO