DëschtennisHueschtert-Folscht an der Finall, drëtte Match tëscht Berbuerg an Houwald

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg waren déi zweet Matcher vun den Halleffinallen am nationalen Dëschtennis-Championnat.
Hueschtert-Folscht an der Finall, drëtte Match tëscht Berbuerg an Houwald
Hueschtert-Folscht setzt sech mat 5:4 géint Recken duerch, Houwald erzwéngt drëtte Match no 5:2-Victoire géint Berbuerg

Hueschtert-Folscht steet no der 5:4-Victoire géint Recken an der Finall, muss awer nach waarden, wien do de Géigner wäert sinn.

Am an der zweeter Halleffinall gewënnt nämlech den Houwald 5:2 géint Berbuerg an hëlt domat Revanche fir déi knapp Néierlag vun der leschter Woch.

Leschte Weekend hat sech den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht kloer mat 5:2 géint den Opsteiger Recken duerchgesat, wärend Berbuerg mat 5:4 géint den Houwald gewonnen hat.

D’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO