Dëschtennis-ChampionnatHueschtert-Folscht bleift ongeschloen

RTL Lëtzebuerg
An der Audi League war e Samschdeg de 7. Spilldag.
© RTL (Archiv)

De Champion Hueschtert-Folscht bleift och no siwe Spilldeeg ongeschloen. D’Ekipp aus dem Lëtzebuerger Westen huet sech e Samschdeg doheem 6:3 géint Recken, den Tabellendrëtten, behaapt.

Den Tabellenzweete Berbuerg huet sech 6:3 zu Diddeleng duerchgesat a läit mat just enger Néierlag knapp hannert Hueschtert-Folscht.

Lénger huet sech am Lokalderby 6:3 géint Nidderkäerjeng behaapt an den Houwald geet mam selwechte Resultat op Esch wannen. Lëntgen huet 6:2 zu Iechternach gewonnen.

D’Resultater am Iwwerbléck

PDF: Schreiwes FLTT

Back to Top
CIM LOGO