DëschtennisHueschtert/Folscht deklasséiert Lénger mat 6:0

RTL Lëtzebuerg
Um 1. Spilldag vun der zweeter Ronn gouf et am Match vun de Finaliste vum leschte Joer eng kloer Victoire fir Hueschtert/Folscht.
© RTL Archiv

Déi aner zwou Partien, déi um Programm stoungen, ware méi spannend. An enger serréierter Partie gouf et e 5:5-Remis tëschent Recken an Houwald. D’Gäscht ware mat 5:3 a Féierung, mee den Opsteiger Recken konnt mat 2 Victoiren nach ausgläichen.

Éiter/Waldbriedemes huet sech knapp mat 4:6 géint Berbuerg misse geschloe ginn. Berbuerg hat an de knappe Sätz d’Nues meeschtens vir an huet duerch dës Victoire gutt Chancen, fir an d’Halleffinall vum Championnat ze kommen.

PDF: Schreiwes vun der FLTT mat de Resultater

Back to Top
CIM LOGO