
No engem Mount Paus ass dëse Weekend nees Dëschtennis an der Audi League gespillt ginn. Déi meescht Dueller si ganz ausgeglach verlaf, esou si 6 vun 10 gespillte Partië mat 6:4 oder 5:5 op en Enn gaangen.Hueschtert-Foulscht ass dobäi als eenzeg Ekipp zwou kloer Victoire gelongen. E Samschdeg huet een Diddeleng 6:1 geklappt an e Rued beim 6:1 keng Chance gelooss.