
De Leader Berbuerg huet sech souverän mat 6:1 géint Lëntgen duerchgesat.
Recken huet sech géint den Tabellen-Zweeten Hueschtert-Foulscht gewiert a sech e 5:5-Remis erkämpft.
Diddeleng huet an enger enker Partie 6:4 zu Lénger gewonnen.
Donieft huet d’Union kloer mat 2:6 géint den Houwald verluer a Rued huet sech am Kellerduell 6:3 géint Iechternach behaapt.