Dëschtennis-ChampionnatHueschtert-Foulscht séchert sech déi éischt Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war am nationalen Dëschtennis-Championnat de leschte Spilldag vum Playoff.
© Emile Mentz (Archive)

Hueschtert-Foulscht huet sech auswäerts kloer mat 6:1 géint Esch behaapt. Domadder steet de Champion um Enn vum Playoff op der 1. Plaz an der Tabell an huet sech d’Heemrecht am Fall vun enger méiglecher Finall geséchert. Den Ticket fir d’Halleffinallen hat ee sech schonn um leschte Weekend geséchert. Dat gëllt och fir Berbuerg, dat um leschte Spilldag Recken mat 6:2 geklappt huet.

Donieft gouf et nach e 5:5-Remis tëscht Lénger an dem Houwald.

Am Championnat geet et elo viru mat de Véierelsfinallen. Recken, Esch, Lénger an den Houwald mussen hei untrieden a spillen déi lescht zwee Tickete fir d’Halleffinallen ënnert sech aus.

D’Resultater am Iwwerbléck

PDF: D'Schreiwes vun der FLTT mat de Resuméë vun de Matcher

Back to Top
CIM LOGO