
De Champion bei den Damme Gréngewald Hueschtert setzt sech en Donneschdeg auswäerts mat 80:63 géint d’Amicale Steesel duerch a steet domat an der Finall. Genee wéi am éischte Match vun der Serie huet Steesel an der éischter Hallschecht matgehalen, duerno konnt sech de Favorit allerdéngs lues a lues ofsetzen. D’Lauren Van Kleunen konnt mat 36 Punkten iwwerzeegen, d’Amanda Cahill konnt 16 Punkten an 13 Rebounds zur Victoire bäisteieren.