Volleyball: Coupe de LuxembourgIechternach fir d'éischte Kéier an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Freideg sinn am Volleyball d'Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg gespillt ginn.
© Roland Miny / pressphoto

An der Coupe de Luxembourg am Härevolleyball hu sech de Volleyball Iechternach an de VC Stroossen am Kader vum Final 4 zu Bartreng fir d’Finall qualifizéiert.

Béi Ekippen gewannen hir respektiv Matcher géint Esch a Luerenzweiler all Kéier mat 3:0. Fir de Volleyball Iechternach ass et déi éischt Finall an der Veräinsgeschicht wärend Stroossen wäert versichen, hiren Titel vum leschte Joer ze verdeedegen.

Esouwuel d’Finall vun den Dammen tëschent Walfer a Mamer wéi d’Finall vun den Häre ginn am kommentéierte Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO