
Am nationalem Dëschtennis-Championnat huet sech an engem spannendem Match e Samschdeg Iechternach mat 6:4 géint Diddeleng duerchgesat. Nidderkäerjeng huet doheem mat 2:6 géint Esch de Kierzeren gezunn iwwerdeems Lénger mat 0:6 géint Hueschtert ënnert d’Rieder komm ass.
Victoirë gouf et och vu Berbuerg (6:1 géint Lëntgen) a vu Récken, déi sech mat 6:0 um Houwald duerchsetze konnten.
Hueschtert a Berbuerg bleiwen domat weider ongeschloen.