
Déi jonk Nowuessspillerin, déi scho fir d’Saison 2025/26 wäert op der ING Academy Schoul a Sport kombinéieren, hat vill Offere vun de grousse Colleges an den USA. Elo huet sech d’fréier Spillerin vum T71 Diddeleng entscheet, vun der Saison 2026/27 u fir d’UCLA Universitéit ze spillen an do ze studéieren. D’University of California (Los Angeles) ass bekannt fir eng staark Basketsekipp.
