BasketballIsi Etute spillt vun nächster Saison un an den USA

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Spillerin vum T71 Diddeleng en Donneschdeg den Owend op Instagram annoncéiert.
D'Isi Etute am Trikot vum T71 Diddeleng
D’Isi Etute am Trikot vum T71 Diddeleng
© Fernand Schmitz

D’Isi Etute spillt d’nächst Saison an den USA a verléisst domat Lëtzebuerg fréizäiteg. Wéi si op Instagram matdeelt, huet déi 16 Joer al Nationalspillerin sech dozou entscheet, fir d’nächst Saison op der “IMG Academy” a Florida an d’Schoul ze goen a Basket ze spillen. Duerno soll d’Karriär op engem College an den USA weidergoen.

Mat 16 Joer huet d’Lëtzebuergerin sech schonn international en Numm gemaach an eng Rei vu Colleges sinn un der Spillerin vum T71 Diddeleng interesséiert.

Back to Top
CIM LOGO