DëschtennisIwwerraschend Victoire fir Hueschtert/Folscht géint Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Mat 6:3 ka sech Hueschtert/Folscht duerchsetzen. Fir Diddeleng ass et déi 1. Néierlag an dëser Saison.
© Archiv

Um 13. Spilldag am nationalen Dëschtennis Championnat war den Tabellendrëtten Hueschtert/Folscht op Besuch beim Tabelleleader Diddeleng.

D’Gäscht hunn eng ganz gutt Partie gespillt an Diddeleng verléiert um 2. leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsronn fir déi 1. Kéier an dëser Saison an dat mat 3:6.

Beim Nodrosmatch vum 12. Spilldag hat Rued Iechternach op Besuch. D’Lokalekipp konnt sech mat 6:2 behaapten.

Schonns e Samschdeg huet sech Berbuerg no engem 5:5 géint den DT Houwald als lescht Ekipp fir d'1/2-Finalle qualifizéiert.

Back to Top
CIM LOGO