
D’Nummer 1 vun der Welt Jannik Sinner muss op d’US Open verzichten. No enger intensiver Rehabilitatioun mat senger Ekipp an dem medezinesche Staff gouf dës Decisioun geholl.
Fir de 24 Joer alen Italieener, deen den Tournoi lescht Joer nach gewonnen hat, ass de Forfait eng grouss Enttäuschung: "Ech sinn natierlech immens traureg an enttäuscht, well New York eng besonnesch Plaz a mengem Häerz huet. Ech hunn an de leschten Deeg zu Monte Carlo nees Tennis gespillt. Dobäi hu mir festgestallt, dass ech nach méi Zäit brauch, fir mech vun der Verletzung um rietse Knéi ze erhuelen", erkläert de Sinner.
Déi leschte Kéier, datt de Spiller aus Südtirol eng Raquette bei engem Match an der Hand hat, war den 12. Juli 2026 zu Wimbledon, wou hie säi sechsten Titel vum Joer, a säin 30. Titel insgesamt, gewonnen huet. Mat 24 Joer war et fir hien dee siwente Grand-Slam-Titel vu senger Karriär.
Domat wäert et also zu kengem Duell tëschent dem Jannik Sinner am dem Carlos Alcaraz bei den US Open kommen. De Spuenier feiert no laanger Verletzungspaus zu New York säi Comeback op der ATP-Tour.