Den Aquathlon as och e positiivt Spigelbild vum Niveau vun eisen Triathleten an Athletinnen. Esou hu bei den Häre 4 jonk Lëtzebuerger et an d’Finall gepackt. Dem David Lang haten zwou Zéngtelsekonne gefeelt fir déi 1. Plaz an dat jonkt Nowuesstalent Sebastian Ziegmann koum op déi 3. Plaz.
Och 3 Lëtzebuerger Damme waren an der Finall. D’Juniorin Linda Krombach gouf 4. an d’Jeanne Lehair gouf 1. mat engem neie Meetingsrekord. Et war dëst déi éischt Kompetitioun no enger Erhuelungspaus. Courage a Wëllenskraaft zeechnen d’Eva Daniels aus. Ee Joer no hirem schwéieren Accident gouf et e Kompetitiounscomeback mat enger Qualifikatioun fir d’Finall.
Och vill Kanner si vum Aquathlon begeeschtert. De jéngste Veräin, “de Karibu”, hat 15 Kanner um Depart.