
Den zweetleschte Schoss vum Johannes Thignes Bö ass e Freideg beim Sprint-Weltcup zu Antholz an Italien donieft gaangen, nawell huet den Norweger d’Course mat engem komfortabele Virsprong vu 17,5 Sekonnen op säi feelerfräie Landsmann Erlend Bjöntegaard gewonnen. Déi drëtte Plaz war fir den Antonin Guigonnat. De Fransous hat eng Scheif net getraff an hat e Réckstand vun 20 Sekonnen.
De Martin Fourcade ass e Freideg op déi 4. Plaz (+21 Sekonnen) gelaf, dat ouni Feeler.