
Plaz 3 war fir de Russ Alexander Loginow. Hien hat genee wéi de Christiansen zwee Feeler beim Schéissen.
De Bö huet alles getraff gehat a konnt esou seng 12. Victoire fir dës Saison feieren. De Rekord bei de meeschte Victoirë bannent enger Saison huet de Fransous Martin Fourcade mat 14 an der Saison 2016/2017 opgestallt gehat. Dee Rekord huet de Bö fest am Bléck, well nach sinn 10 Courssen um Programm.
De Weltcup zu Canmore a Kanada war op 15 km gekierzt ginn, d’Temperature louche bei -14 Grad.