
Am Massestart um Holmenkollen ka sech de Norweger Bö um Enn no 15 Kilometer behaapten. Um Enn hat hien en Avance vu 19 Sekonnen an 2 Zéngtel virum Arnd Peiffer aus Däitschland. Drëtte gouf dem Peiffer säi Landsmann Benedikt Doll mat 38 Sekonne Retard op de Vainqueur.
Am General konnt sech och de Bö de General sécheren, dëst mat 1262 Punkten. Zweete gouf de Russ Alexander Loginov.
Bei den Damme konnt sech an der leschter Course vun der Saison d’Hanna Öberg duerchsetzen. D’Schwedin hat no 12,5 Kilometer 1 Sekonn an 3 Zéngtel Avance op d’Tiril Eckhof aus Norwegen. D’Clare Egan konnt sech déi drëtte Plaz um Podium sécheren.
Am General konnt sech d’Dorothea Wierer kréinen, dëst mat 923 Punkten. Um Enn hat d’Italienerin 41 Punkten Avance op hir Landsfra Lisa Vittozzi, dat d’Saison mat 882 Punkten ofschléisse konnt.