
Dat hunn d’belsch Autoritéite vun der Konkurrenz decidéiert. Déi Instanz huet festgehalen, datt d’Lizenzkommissioun vun der belscher Futtball-Federatioun d’Reegele vun der Konkurrenz am Dossier Virton mëssuecht hunn.
D’Konkurrenzautoritéiten imposéieren, datt de Futtballveräin aus der Gaume d’nächst Saison nees an déi zweethéchst Divisioun integréiert muss ginn. Effektiv wär et ze komplizéiert, fir dat elo nach an dëser Saison ze maachen.
Virton war jo an déi 4. Divisioun zeréckgestuuft ginn an hat doduerch säi Profistatus verluer. De Club hat och schonn annoncéiert, d’belsch Futtballfederatioun wéinst dësem Dossier op e Schuedenersatz vu 15 Milliounen Euro ze verkloen.