
De Lëtzebuerger Handball-Champion bei den Dammen HB Käerjeng huet um Freideg den Owend am Allersmatch vum 3. Tour vum European Cup däitlech mat 13:36 géint de Favorit aus Italien Casa Santa Erice de Kierzere gezunn. An der Paus louch de Veräin aus dem Grand-Duché mat 10:19 am Réckstand.
D’Jil Reiter huet beim Lëtzebuerger Champion déi meescht Goler markéiert an zwar 6.
De Retourmatch ass e Sonndeg den Owend um 18 Auer an dat och auswäerts a Sizilien.