SchifléienKamil Stoch gëtt Éischten zu Oberstdorf

RTL Lëtzebuerg
Am Weltcup zu Oberstdorf ass am Schifléie keen anere méi wäit gesprongen, wéi de Kamil Stoch. Hannert hie koum de Jewgeni Klimow an den Dawid Kubacki.
© afp

No den zwee Duerchgäng war den 31 Joer ale Pol Kamil Stoch mat 413,2 Punkten am beschte klasséiert. Hannert him war et de Russ Jewgeni Klimow, deen op 407,9 Punkte koum. Déi drëtt Plaz um Podium goung un dem Stoch säi Landsmann den Dawid Kubacki, deen am Ganze 405,4 Punkten erreeche konnt.

De Ryoyu Kobayashi, de Gewënner vum Dag virdrun, konnt säin zweete Sprong net propper duerchbréngen an ass um Enn op déi néngte Plaz zeréckgefall.

Back to Top
CIM LOGO