Wéinst enger VerletzungKeng WM a keng Spiller vun de klenge Länner fir d'Ni Xia Lian
D'Dëschtennisspillerin huet sech viru kuerzem um Training d'Handgelenk gebrach a gouf e Mëttwoch operéiert.
Verëffentlecht: 30.04.25 14:22, Update: 04.12.25 12:04
Domadder fält déi 61 Joer al Nationalspillerin souwuel fir d‘Weltmeeschterschaft am Katar wéi och fir d‘Spiller vun de klenge Länner an Andorra aus. Dat deelt d'Dëschtennisfederatioun an engem Schreiwes mat.