DammefuttballKim Olafsson wiesselt bei de Stater Racing

RTL Lëtzebuerg
Den amtéierende Champion am Dammefuttball verstäerkt sech mat enger weiderer Nationalspillerin. D'Kim Olafsson wiesselt bei de Stater Racing.

Wéi schonns hir Teamkomerodin Marta Estevez wiesselt d’Nationalspillerin vun der Entente Wuermer an d’Stad. No enger schwiereger Saison also en neien Ulaf fir déi 23 Joer al Futtballerin, déi no hirer Zäit bei Elversberg déi lescht hallef Saison bei der Entente Wuermer gespillt huet.

Donieft wiesselt och déi 17 Joer al Delcy Monteiro vun der Fola bei de Racing.

D’Damme vum Racing sinn den Ament am Gaang, sech op d’Champions-League-Qualifikatioun virzebereeden, wou een et an der 1. Ronn Mëtt August mat Juventus Turin, Flora Tallin a Qiryat Gat an der Grupp ze di kritt.

Back to Top
CIM LOGO