Direkt am 1. Kampf op den Europaspiller gouf et eng kloer Néierlag fir de Lëtzebuerger Boxer Michel Erpelding. Schonns an der éischter Ronn gouf hien 2 Mol vum Arbitter ugezielt. Um Enn gouf et eng kloer 0:5-Defaite géint e Georgier.
Fir de Michel Erpelding sinn d'Spiller also schonns no engem Kampf eriwwer an dat ier se richteg ugefaangen hunn.
