Dëschtennis-ChampionnatKloer Néierlag fir Hueschtert-Folscht

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war den Optakt vum Playoff am Dëschtennis-Championnat. E Sonndeg steet schonn den nächste Spilldag um Programm.
© Emile Mentz (Archiv)

Mam Optakt vum Playoff gouf et direkt déi éischt fauschtdéck Iwwerraschung. Hueschtert-Folscht, den amtéierende Meeschter, huet sech eng kloer Néierlag géint Lénger agefaangen. D’Ekipp aus dem Lëtzebuerger Westen hat déi éischt Ronn als Tabellenéischten mat just enger Néierlag ofgeschloss.

De stäerkste Konkurrent Berbuerg, de punktgläichen Tabellenzweeten an der Virronn, ass mat engem 6:4 an de Playoff gestart. Am drëtte Match vum Spilldag huet sech Esch mat 6:3 géint Recken behaapt. Recken hat an der Virronn déi drëtt Plaz beluecht.

D’Resultater am Iwwerbléck

Hueschtert-Folscht - Lénger 1:6
Houwald - Berbuerg 4:6
Esch Abol - Recken 6:3

Back to Top
CIM LOGO