Volleyball-ChampionnatKloer Victoire fir Dikrech bei den Hären, d'Gym klappt Esch bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
Am Volleyball-Championnat vun den Dammen a vun den Hären gouf um Weekend den 3. Spilldag gespillt.
© pressphoto (Archiv)

Hären

Bei den Hären bleift de VC Stroossen weider ongeschloen an huet no enger 3:0-Victoire géint Amber-Lënster elo néng Punkten um Kont stoen. Dat selwecht gëllt fir d’Nopere vu Bartreng, déi zwar kuerz ageknéckt waren, um Enn awer mat 3:1 géint Luerenzweiler gewonnen hunn an domat genau sou mat néng Punkten no dräi Matcher uewen an der Tabell stinn. Am leschte Match vum Owend gouf et dann nach en 3:0-Succès fir Fenteng géint Iechternach.

E Sonndeg koum et an der leschter Partie vum Spilldag bei den Hären nach zum Duell tëscht Dikrech an dem Escher VBC. An do huet sech d’Heemekipp kloer mat 3:0 duerchgesat. Esch hat a kenge vun den 3. Sätz eng Chance an huet verdéngt de Kierzere gezunn.

Dammen

Bei den Dammen huet sech de VC Mamer mat engem 3:1 géint de VC Stengefort déi drëtt Victoire am drëtte Match geséchert. Méi spannend war et am Duell tëscht Walfer a Bartreng, ma den RSR konnt sech hei nom fënnefte Saz mat 3:2 behaapten a sech domat zwee Punkte sécheren. Fir de Volley Bartreng gouf et dogéint op d’mannst den éischte Punkt vun der Saison. An der leschter Partie vum Owend konnt sech dann nach de VC Fenteng mat 3:2 géint de VB Iechternach duerchsetzen.

Um Sonndeg konnt sech d’Gym däitlech mat 3:0 géint Esch behaapten. No engem spannenden 1. Set sinn d’Gäscht an der Suite agebrach a konnten näischt méi dogéint setzen. D’Gym bleift no 3 Matcher wieder ouni Néierlag.

Back to Top
CIM LOGO