Internationale Futtball um SonndegKöln iwwerrascht Leverkusen, PSG gewënnt souverän

RTL Lëtzebuerg
Paräis setzt sech an der Ligue 1 mat 3:0 géint Bordeaux duerch. Dortmund verkierzt de Réckstand op München a Frankfurt klappt Bochum mat 2:1.
© AFP

D’Resultater vum Samschdeg fannt dir hei.

Bundesliga

Bayer Leverkusen - FC Köln0:1
0:1 Schindler (67')

Köln gewënnt dat éischt Rheinderby an der BayArena zënter 2015. Leverkusen hat an den éischten 30 Minutte vill Golchancen, konnt se awer net notzen. Duerno gouf et eng schwéier Blessur vum Florian Wirtz op der Säit vu Leverkusen. An der zweeter Hallschent war d’Partie zimmlech ausgeglach a béid Ekippen hu sech Chancen erspillt. An der 67. Minutt war et den agewiesselte Schindler, dee fir Köln den 1:0 markéiert huet. Leverkusen hat nach e puer Méiglechkeeten op den Ausgläich, deen awer net fale sollt.
De Mathias Olesen stoung bei dësem Match net am Kader vum FC Köln.

Borussia Dortumund - Arminia Bielefeld1:0
1:0 Wolf (21')

Dortmund verkierzt mat der 1:0-Victoire de Réckstand op Bayern München op 7 Punkten an huet e Mëttwoch nach en Nodrosmatch géint Mainz, dat wéinst Corona virun enger Woch ausgefall war. Am Match géint Bielefeld war et fir de BVB net esou einfach, wéi et um Pabeier ausgesinn huet. De Wolf hat an der éischter Hallschent séier den 1:0 markéiert, mee Dortmund hat Krämpes géint d’Arminia. Am Ufank vun der zweeter Hallschent huet den Dortmunder Golkipp e puer Mol musse fir seng Faarwen agräifen. Um Schluss huet Dortmund de Match iwwer d’Zäit gerett.

Eintracht Frankfurt - VfL Bochum2:1
0:1 Polter (19'), 1:1 Masovic (46', Eegegol), 2:1 Kamda (52')

Frankfurt ass nees an der Spuer a konnt seng zweet konsekutiv Victoire feieren, nodeems et déi Matcher virdrun net esou gutt gelaf war. Frankfurt läit elo am gesécherte Mëttelfeld a ka souguer nach op déi europäesch Plazen no vir réckelen. D’Haushäre louche séier mat 0:1 hannen, well Bochum duerch de Polter a Féierung goung, mee d’Eintracht huet sech zeréckgekämpft. Virun allem an der zweeter Hallschent huet Frankfurt eng gutt Performance gewisen an den 2:1 gehalen.

Greuther Fürth - RB Leipzig 1:6
1:0 Leweling (4‘), 1:2 Silva (17‘), 1:2 Forsberg (32‘), 1:3 Laimer (35‘), 1:4 Henrichs (45‘), 1:5 Simakan (52‘), 1:6 Nkunku (69‘)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

FC Chelsea - Newcastle United1:0
1:0 Havertz (89')

Chelsea hält mat der 1:0 Victoire Manchester United op Distanz am Kampf ëm Plaz 3. Déi aktuell schwéier Situatioun ronderëm de Besëtzer Roman Abramowitsch huet de Spiller um Terrain näischt gedoen. Newcastle huet op der Stamford Bridge gutt matgespillt, konnt seng Chancen awer net notzen. Och Chelsea huet sech vill Chancen erschafft an den Havertz huet an de leschte Spillminutten den entscheedende Gol markéiert. Fir Newcastle war et déi éischt Defaite no zeng Matcher mat Punktgewënn.

FC Arsenal - Leicester City2:0
1:0 Partey (11'), 2:0 Lacazette (59', Eelefmeter)

Mat dëser Victoire läit Arsenal nees mat engem Punkt viru Manchester United op der véierter Plaz, dat opgrond vu fënnef konsekutive Victoiren. De Lacazette huet beim 2:0 säin éischte Gol no iwwer dräi Méint markéiert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Hellas Verona - SSC Neapel1:2
0:1 Osimhen (14'), 0:2 Osimhen (71'), 1:2 Faraoni (77')

Neapel bleift um Leader AC Mailand drun a verkierzt den Ecart nees op dräi Punkten. Neapel huet de Match kontrolléiert a konnt duerch dem Osimhen seng zwee Goler a Féierung goen. Verona konnt nach verkierzen, mee zwou giel-rout Kaarte fir d’Heemekipp hunn d’Méiglechkeet op e Gläichspill verhënnert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Paris SG - Girondins Bordeaux 3:0
1:0 Mbappé (24'), 2:0 Neymar (52'), 3:0 Paredes (61')

De PSG huet den Aus an der Champions League an der Woch gutt verkraaft an am Parc des Princes eng kloer 3:0-Victoire géint Girondins Bordeaux gefeiert. Bordeaux huet an den éischte Minutte vill Drock gemaach, mee konnt kee Gol markéieren. Den Mbappé huet et op Paräisser Säit besser gemaach an no enger propperer Pass vum Wijnaldum an der 24. Minutt zum 1:0 eragesat. An der zweeter Hallschent hunn den Neymar an de Paredes bannent zéng Minutten fir Paräis alles kloer gemaach. Fir Bordeaux war et schonn déi 14. Néierlag an der Saison, si bleiwe ganz um Schluss vun der Tabell.

FC Metz - RC Lens0:0

Mat enger Nullnummer geet de Match tëscht Metz a Lens op en Enn. Et war e wichtege Punkt am Kampf ëm d’Relegatiounsplaz, mee Les Grenats kommen net wierklech vun der Plaz. Obwuel d’Heemekipp sech vill Chancen erspillt huet, bleift si de siwente Match hannerteneen ouni Victoire. Liest den detailléierte Rapport vum Match bei 5minutes.lu.

Racing Stroossbuerg - AS Monaco1:0
1:0 Djuku (23')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Rayo Vallecano - FC Sevilla 1:1
1:0 Bebé (46'), 1:1 Delaney (63')

Den FC Sevilla krut an der 11. Minutt e Gol wéinst Handspill an der Preparatioun oferkannt. Sevilla war dem 1:0 ganz no, konnt awer kee Profit aus senge Chancen zéien. No der Paus huet Vallecano den 1:0 markéiert an den eemolege Bundesliga-Spiller Thomas Delaney konnt fir d’Andalusier ausgläichen. Den FC Sevilla verléiert domat weider u Buedem an der Course ëm de Championstitel a Spuenien. Den 1:1 géint Rayo Vallecano war dat zweet Gläichspill hannerteneen an den Ecart op Real Madrid bedréit elo 7 Punkten, Real huet nach e Match manner.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO