
De leschte Weekend war eng Lëtzebuerger Badminton-Delegatioun mat U13- an U15-Nationalspiller an der Zeppelin-Stad Friedrichshafen um Bodensee um 52. Internationale Bodensee-Turnéier am Asaz.
Bei den U13 hunn Aurel Pulcinella a Sami Reinert a bei den U15 Pol Hild, Mike Sinico, Noah Warning, Ryan Lim an Tom Feltes d'Lëtzebuerger Faarwe vertrueden, encadréiert goufe si vum Adrien Guignard an Olga Konon.
Wärend am Eenzel Aurel Pulcinella, Sami Reinert a Pol Hild et aus der Pool bis an déi éischt Ronn gepackt haten, huet d'Koppel Pol Hild an Mike Sinico et bis an d'U15-Halleffinall gepackt, wou si sech dunn 2 Slowenen hu misse geschloe ginn.
Zweemol bis an d'Finall
Nieft der offizieller Delegatioun waren och d'U17-Nationalspiller Kim Schmidt, Jérôme Pauquet a Yannick Feltes op de Bodensee gereest. Hei hunn de Yannick Feltes an de Jérôme Pauquet et mat enger gudder Leeschtung bis an d'Finall bruecht, wou si sech an engem spannende Match enger Koppel aus Däitschland an 3 Sätz hu musse geschloe ginn.
Och am Eenzel huet de Jérôme Pauquet et an d'Finall gepackt, ma genau wéi am Dubbel an 3 Sätz verluer, géint e Schwäizer Spiller.
Den nächste Weekend ass deen eenzege Lëtzebuerger Badminton-Profi Robert Mann op den Azerbaijan International Open an d'Kim Schmidt, de Yannick Feltes an de Jérôme Pauquet si bei den German U17 Open engagéiert.