
De Stefan Kraft huet sech op der grousser Schanz zu Sapporo a Japan mat zwee Spréng iwwer 130 Meter d’Victoire souverän geséchert. Den Éisträicher hat no den zwee Duerchgäng e Samschdeg de Moien eiser Zäit e Virsprong vu ronn 10 Punkten op de Pol Kamil Stoch. Um Podium stoung nach den Norweger Robert Johansson. Hien hat e Retard vu knapp 14 Punkten.
Leader am Weltcup bleift de Japaner Ryoyu Kobayashi. Hien huet weiderhin e grousse Virsprong vun iwwer 400 Punkten op de Kamil Stoch. De Japaner war e Samschdeg op déi 5. Plaz gesprongen.