Schi AlpinKristoffersen kroopt sech d'Victoire

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen konnt sech d'Federica Brignone d'Victoire an der Kombinatioun zu Crans-Montana sécheren.
© afp

Zu Bansko gouf um Sonndeg de Rieseslalom bei den Häre gefuer. Nom éischten Duerchgang louch wéi erwart de Marcel Hirscher virum Norweger Kristoffersen an dem Fransous Pinturault a Féierung. Mee am zweeten Duerchgang huet de Kristoffersen en exzellenten Laf gewisen a konnt dem Hirscher ëm 4 Honnertstel nach d’Victoire ewech huelen. Op déi 3. Plaz konnt sech dem Pinturault säi Landsmann, den Thomas Fanara, nach am 2. Duerchgang no vir fueren.

Schonn no der Descente louch d’Italienerin Federica Brignone an der Kombinatioun a Féierung. Am Slalom konnt se hire Virsprong dann méi oder manner souverän verdeedegen a gewënnt virum Roni Remme aus Kanada an dem Wendy Holdener aus der Schwäiz. D’Schwäizerin konnt am Slalom nach vun der 11. op déi 3. Plaz no vir fueren.

Back to Top
CIM LOGO