
Um Samschdeg goufen am Gymnase vun der Coque d’Halleffinallen an der Coupe gespillt, an zwar vu Seniore bis Jugend.
Bei den Häre huet sech Lénger mat 4:1 géint Rued duerchgesat, wärend Houwald souguer mat 4:0 géint Diddeleng gewonnen huet.
An der Kategorie Dammen hu sech Rued (4:1 géint Houwald) an Iechternach (4:3 géint Nidderkäerjeng) fir d’Finall qualifizéiert.
D’Finallen an alle Kategorië ginn e Sonndeg um 13 respektiv um 16 Auer an der Coque ugefaangen.