
De Spëtzematch vum zweete Spilldag war de Match Rued géint Lénger, wou zwee direkt Konkurrenten ëm d’Playoff-Plazen openee getraff waren. Lénger louch séier 4:0, woumat et fir Rued extreem schwéier gouf. Lénger gewënnt um Enn kloer 6:1 zu Rued a mellt sech no der Néierlag um éischte Spilldag androcksvoll zeréck.
De Champion Hueschtert-Folscht goung als héije Favoritt an de Match géint den Opsteiger Lëntgen a sollt dëser Roll och gerecht ginn. D’Ekipp ronderëm de Maël van Dessel setzt sech kloer mat 6:1 duerch. Den Houwald huet sech mam selwechte Resultat zu Iechternach behaapt, genee wéi Recken géint d’Union.
Déi spannendst Partie gouf et zu Berbuerg, wou d’Lokalekipp sech no 10 Sätz 6:4 géint Diddeleng duerchsetze konnt.