Dëschtennis-ChampionnatLénger setzt Ausruffzeeche géint Recken

RTL Lëtzebuerg
Am zweete Spëtzematch hu sech Houwald an Hueschtert-Folscht 5:5 getrennt. Berbuerg hat keng Problemer mat Lenneng a Lëntgen huet géint Iechternach gewonnen
© Emile Mentz (Archiv)

Lénger gewënnt de Spëtzematch géint Recken kloer 6:2 an huet domat fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt. D’Konkurrenz ass deemno fir déi nächst Matcher virgewarnt.

Den zweete Spëtzematch tëscht Houwald an Hueschtert-Folscht goung 5:5 op en Enn. D’Spectateure krute spektakulär Ballwiesselen ze gesinn. Well och am Schlussdubbel keng Decisioun fale sollt, gouf et an dëser Partie kee Gewënner.

E weidert Gläichspill gouf et am Match Fluessweiler géint Esch (5:5). Berbuerg huet den Opsteiger Lenneng beim 6:1 keng Chance gelooss. Lëntgen huet Iechternach 6:3 geklappt.

D’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO