
Lénger steet fir d’éischte Kéier an der Finall vum Dëschtennischampionnat. An der decisiver Halleffinall huet ee sech géint Éiter-Waldbriedemes mat 5:2 duerchgesat.
Domadder maachen Hueschtert-Foulscht a Lénger de Championstitel ënnert sech aus. Déi éischt vu maximal dräi Finalle gëtt den nächste Weekend gespillt.