
D'Kristina Möller, wat schonn e puer mol de Lëtzebuerger Fändel an enger Finall representéiere konnt, war mat direkt zwee 5-järege Päerd um Depart. Trotz engem super Resultat vun 83% sollt et mam "Quatre Quart" (ofstamend vum "Quarterhall") net duergoe fir bis an d'Finall ze kommen. Um Enn ass et awer eng exzellent 4. Plaz ginn.
Ähnlech goung et dem Mandy Zimmer mat hirem Hengscht "Symphony MZ OLD" bei de 6-järege Päerd. An der Halleffinall konnte si och e Resultat vun 83% realiséieren. Wier dat déi lescht Joren nach duergaange fir eng Podiumsplaz, sou ass et bei dëser WM duergaange fir eng gutt 6. Plaz.
De Mathis Goerens ("Riptide") an d'Christine Fie Skarsoe ("Tiffanys Diamond") komme bei de 7-järege Päerd op d'Plaze 7 an 11.
Et waren dëst Joer sou vill aussergewéinlech gutt Päerd um Depart vun der WM, wéi nach ni virdrun. D'Lëtzebuerger hunn dobäi eng gutt Figur gemaach a bewisen, dass se gutt opgestallt si fir déi nächst Joren.