Sonndesinterview mam José GonçalvesLëtzebuerg géint Portugal - De Mann fir alles... fir béid Ekippen

Yannick Zuidberg
De Sonndeg spillt d'Lëtzebuerger Nationalekipp doheem am Stade Luxembourg an der EM-Qualifikatioun géint Portugal.
De José Gonçalves hei riets am Bild zesumme mam Fernando Soares Gomes da Silva, dem President vun der portugisescher Futtballfederatioun.
De José Gonçalves hei riets am Bild zesumme mam Fernando Soares Gomes da Silva, dem President vun der portugisescher Futtballfederatioun.

Ee Mann, dee bei de Matcher tëscht Lëtzebuerg a Portugal ëmmer mat dobäi ass, ass de José Gonçalves. De fréiere President vun der Union Käl/Téiteng a fréiere Vize-President vun der Escher Jeunesse ass esou ze soen “d’Meedche fir alles”. Kënnt d’portugisesch Nationalekipp op Lëtzebuerg, da kuckt de José Gonçalves, datt et der portugisescher Delegatioun un näischt feelt. Ma och, wann d’Rout Léiwen a Portugal reesen, dann ass de José Gonçalves mat dobäi an dat schonns zanter 2011.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (6)
Et soll kengem un eppes feelen.

Eng éischte Kéier 2011 mat dobäi

A schonns direkt bei der éischter Rees mat der FLF-Selektioun ass kloer ginn, wat fir e wichtege Rôle de José Gonçalves huet. Deemools, wärenddeem d’Lëtzebuerger Nationalekipp trainéiert huet, gouf nämlech an den Hotel agebrach. D’Abriecher hunn dann och eng ganz Partie Objete geklaut. An der Suite ass de José Gonçalves mat alle Spiller eenzel bei d’Police gaangen, fir datt si hir Ausso maache konnten.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (5)
Eng éischte Kéier 2011 mat dobäi.

Frëndschaften, déi entstane sinn

Iwwer déi 12 Joer, déi de José Gonçalves elo schonns dobäi ass, huet hie vill Leit kennegeléiert an do sinn och eng Partie Frëndschaften entstanen.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (7)
Frëndschaften, déi entstane sinn

“Sinn d’Pizzae schonns ukomm?”

No engem Match am Stade Josy Barthel sollt de José Gonçalves fir déi portugisesch Delegatioun Pizzae bestellen. Well de Sécherheetsbeamten de Livreur awer net eragelooss huet, sinn dës Pizzaen ni ukomm. Zanterhier, ëmmer wann d’Portugisen nees zu Lëtzebuerg spillen, maache se ëmmer de Geck a froen: “Sinn d’Pizzae schonns ukomm?”.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (1)
“Sinn d’Pizzae schonns ukomm?”

Déi richteg Futtballschong fannen, ass net ëmmer einfach

Am Laf vun de Joren huet de José Gonçalves dann deels och ganz kreativ misse sinn, esou och eemol, wéi e Spiller nei Futtballschong huet misse kréien, well seng futti waren. Hei gouf de José Gonçalves ugestallt, déi nämmlecht Futtballschong nach eemol kafen ze goen, do gouf et allerdéngs e Problem. Dës speziell Schong waren nämlech net méi am Spiller senger Gréisst ze fannen, a kengem Geschäft an der Géigend. Dofir hat de José Gonçalves him en anert Puer Schong matbruecht. Dës wollt oder besser gesot konnt de Spiller awer net wierklech undoen, well hien déi Zäit bei enger anerer Schongmark ënner Kontrakt stoung. Datt de Spiller awer spille konnt, huet de José Gonçalves d’Logo vun der Mark schwaarz iwwermoolt an d’Logo vun där aner Mark drop gemoolt.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (2)
Déi richteg Futtballschong fannen, ass net ëmmer einfach

Perséinleche Chauffer fir an d’Kierch

Vun 2014 bis 2022 war de Fernando Santos Trainer vun der portugisescher Nationalekipp. Bannent deenen aacht Joer huet Portugal dräimol hei zu Lëtzebuerg gespillt. Allkéiers, wann dat de Fall war, huet de José Gonçalves de portugiseschen Nationaltrainer sonndes moies missen op Bouneweg an d’Kierch féieren. An d’Kierch eranzekommen, war dobäi ëmmer méi einfach wéi nees fir raus, wéi de José Gonçalves eis erzielt huet.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (8)
Perséinleche Chauffer fir an d’Kierch

Relancement vum Gerson Rodrigues senger Futtball-Karriär

A senger Zäit als President vun der Union Käl/Téiteng huet de José Gonçalves dann och schonns Kontakt gehat mat engem aktuelle Lëtzebuerger Nationalspiller. Hien huet de Gerson Rodrigues nämlech deemools vun Hesper bei d’Union Käl/Téiteng gelackelt an huet dem Lëtzebuerger Rekordbuteur seng Karriär domat nees relancéiert, well en do virdrun net méi gespillt huet.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (4)
Relancement vum Gerson Rodrigues senger Futtball-Karriär

Fir wéi eng Nationalekipp schléit säin Häerz?

Dem José Gonçalves säin Häerz schléit fir zwou Natiounen. Fir Portugal a fir Lëtzebuerg. Wa béid Natioune géintenee spillen, ass dat keng einfach Decisioun.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (3)
Fir wéi eng Nationalekipp schléit säin Häerz?

Hoffnung op eng Victoire a Luef fir d’Futtballschoul, d’FLF-Selektioun an de Luc Holtz

De José Gonçalves huet dann awer och nach ëmmer gehofft, datt Lëtzebuerg eemol géint Portugal gewënnt, dorunner hätt hie schonns Freed, wéi en eis am Interview erkläert huet. Dobäi hat hien dann och vill Luef fir d’Futtballschoul zu Monnerech. “En Haus fänkt een och ënnen u mat Bauen an net uewen um Kamäin an esou ass et och am Futtball”, seet de José Gonçalves a verweist domat op d’Wichtegkeet vun der Jugendaarbecht am Futtball. Dofir hätt d’FLF-Selektioun och esou vill Progrèse gemaach an de leschte Joren an natierlech hätte mer och e gudden Trainer.

Sonndesinterview mam José Gonçalves (9)
Hoffnung op eng Victoire a Luef fir d’Futtballschoul, d’FLF-Selektioun an de Luc Holtz.

Back to Top
CIM LOGO