
No 90 Minutte hu sech d’Lëtzebuerger FLF-Damme misse mat 2:3 géint Litauen geschloe ginn.
D’Rout Léiwinne sinn net optimal an de Match komm a louchen duerch 2 Goler vum Lazdauskaité (15' an 18') scho fréi hannen. D’Amy Thompson konnt zwar no enger hallwer Stonn op 1:2 verkierzen, mee quasi am direkte Géigenzuch konnt Litauen 4 Minutte méi spéit duerch d’Sabatauskaité den alen Ofstand nees hirstellen. Nom Säitewiessel huet d’Ekipp vum Dan Santos direkt d’Initiativ ergraff a konnt duerch d’Laura Miller nees verkierzen.
Chance hat Lëtzebuerg an der 51. Minutt, datt Litauen säin Eelefmeter just un de Potto gesat huet.
Duerno ass net méi vill geschitt a Lëtzebuerg verléiert no enger kämpferesch gudder Leeschtung mat 2:3 géint Litauen.