
D’Ni Xia Lian an d’Sarah de Nutte hunn allebéid kee Match verluer an hunn domat fir d'3:1-Victoire gesuergt. Eenzeg d’Tessy Gonderinger hat ee Match verluer. En Donneschdeg spillen d’Lëtzebuergerinnen elo géint Russland a wann een do eng weider Victoire feiere kann, steet een an der Véierelsfinall.