DëschtennisLëtzebuerger Damme verléiere bei Olympia-Qualifikatioun géint Singapur

RTL Lëtzebuerg
Mat 1:3 hu sech d'Lëtzebuergerinnen misste géint d'Favoritte geschloe ginn. An och d'Hären hunn mat 0:3 géint Indie verluer.
© AFP (Archiv)

Dammen

Alles misst ideal verlafen, fir datt d’Lëtzebuergerinnen eng Chance géint Singapur hätten. An et hat och gutt fir d’FLTT Formatioun ugefaangen, well den Duo Ni Xia Lian a Sarah de Nutte konnte sech mat 3:2 géint Lin Ye a Yu Mengyu duerchsetzen.

Am Eenzel du waren d’Favoritinne kloer méi staark. D’Nummer 8 op der Welt Feng Tianwei huet am éischte Match dem Tessy Gonderinger keng Chance gelooss an dësen 3:0 gewonnen. Am drëtte Match ass si dunn op d’Ni Xia Lian getraff, wou si sech 3:2 behaapte konnt. d’Sarah de Nutte ass am zweete Match géint Yu Mengyu ugetrueden an d’Spillerin aus dem Singapur huet dëse kloer mat 3:0 gewonnen.

Esou zéien d’Lëtzebuerger Dammen géint de Favorit mat 1:3 de Kierzeren a sinn domadder eliminéiert.

PDF: De Spillverlaf vun den Dammen

Back to Top
CIM LOGO