Ekippe-WM am DëschtennisLëtzebuerger Dammen an den Aachtelsfinallen eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Sarah De Nutte a Co hu sech mat 1:3 géint Portugal misse geschloe ginn.
© FLTT / Facebook

Op der Ekippe-Weltmeeschterschaft am Dëschtennis zu Chengdu a China hunn d’Lëtzebuerger Dammen an den Aachtelsfinalle mat 1:3 géint Portugal verluer.

D’Ni Xia Lian huet hir zwee Matcher mat 1:3 an 2:3 verluer. D’Sarah De Nutte huet mat 1:3 de Kierzere gezunn. D’Tessy Gonderinger huet hire Match mat 3:2 gewonnen.

Domadder ass d’Weltmeeschterschaft fir d’Lëtzebuergerinnen eriwwer, déi et awer ënner déi 16 bescht Ekippe vun der Welt gepackt hunn.

Lëtzebuerger Dammen an den Aachtelsfinallen eliminéiert
D’Sarah De Nutte a Co hu sech mat 1:3 géint Portugal misse geschloe ginn.

PDF: Schreiwes FLTT

Back to Top
CIM LOGO