Pol PierretLëtzebuerger Dëschtennis-Arbitter bei den Olympesche Spiller zu Paräis dobäi

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun huet dës Noriicht e Freideg matgedeelt.
Pol Pierret (lénks)
Pol Pierret (lénks)
© Pol Pierret

De Pol Pierret ass bei den Olympesche Spiller 2024 zu Paräis mat dobäi. Hie wäert als Arbitter am Dëschtennis am Asaz sinn, dat huet d’FLTT e Freideg matgedeelt.

De Lëtzebuerger wier ee vun nëmmen zwee europäesche Männer, déi op Paräis fueren dierfen. Europa hätt bei den Olympesche Spiller nëmme 8 Arbitterplazen ze gutt, sou d’Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun.

De Lëtzebuerger war bis ewell ënnert anerem 2017 als Arbitter bei der WM zu Düsseldorf mat dobäi, den Europameeschterschaften zu Lëtzebuerg an zu München a bei de European Games 2023 - Paräis 2024 ass den Héichpunkt a senger Arbitterkarriär.

PDF: Schreiwes FLTT

Back to Top
CIM LOGO