Ëffentlech RügLëtzebuerger Dëschtennisfederatioun weist dem Sarah De Nutte de béise Fanger

Franky Hippert
An enger Disziplinarprozedur huet de Comité Directeur vun der FLTT der Profispillerin eng ëffentlech Rüg ausgeschwat.

Et geet virun allem drëms, datt d’Sarah De Nutte no der Eliminatioun op den Olympesche Spiller hir Enttäuschung matgedeelt huet, datt hire perséinlechen Trainer, de Peter Teglas, si net huet dierfe wärend dem Match zu Paräis coachen. Op der Säit vun der Federatioun wollt een dat net, och esouguer net, nodeems de Lëtzebuerger Olympesche Comité nodréiglech nach eng Akkreditatioun fir den Teglas krut.

Déi 31 Joer al Sportlerin huet 20 Deeg Zäit fir géint déi Decisioun vum Comité Directeur an Appell ze goen.

Back to Top
CIM LOGO