FuttballLëtzebuerger Nationaltrainer frou iwwer d'Reprise

Franky Hippert
Tim Hensgen
Ufank Mäerz goufen déi lescht Matcher am europäesche Futtball gespillt. Dunn hat de Coronavirus emol zwee Méint dofir gesuergt, datt kee Ball rullt.
Luc Holtz frou iwwer Reprise am Futtball
Ufank Mäerz goufen déi lescht Matcher am europäesche Futtball gespillt. Dunn hat de Coronavirus emol zwee Méint dofir gesuergt, datt kee Ball rullt.

Luc Holtz frou, datt déi futtballfräi Zäit esouwäit eriwwer ass

Lues a lues kënnt déi schéinste Niewesaach vun der Welt, nees bei eng gewëssen Normalitéit. De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer, Luc Holtz, ass frou, datt déi futtballfräi Zäit esouwäit fäerdeg ass:

Extrait Luc Holtz

“Ech hu gelidden. Well wann een deen de Futtball gären huet, an ech hunn e gären, wann s de da vun haut op muer op eemol net Futtball kanns schwätzen, wëll s de net déi normal Kontakter mat de Spiller, mat den Trainer kanns hunn, dann ass den Alldag op de Kapp gestallt. Ech hu vill geschafft doheem mat der Famill, ech un awer och vill Sport gemaach, fir mech vum Kapp hir e bëssen ze befreien, well ech denken, datt et wichteg ass, Sport ze maachen, fir de Kapp fräi ze kréien Zanter datt d’Bundesliga nees spillt, hunn ech awer ganz vill Matcher suivéiert vun eise Lëtzebuerger Spiller.”

Déi 1. däitsch Futtball-Bundesliga war jo déi éischt grouss Liga an Europa an där mat engem Hygiènes- a Sanitärkonzept dat ronnt Lieder nees konnt rullen. Mat do dobäi ware jo och déi zwee Lëtzebuerger Profien Leandro Barreiro vu Mainz an de Laurent Jans vu Paderborn. Och d’zweet Bundesliga mam Dirk Carlson bei Karlsruhe hat jo kuerz drop nees ugefaangen. Déi 3 haten hir Stammplaz, déi si virun der Corona-Paus haten, awer bei der Reprise verluer.

Luc Holtz iwwer 3 Bundesligaprofien no der Coronapaus

© AFP (Archiv)

Déi 3 Lëtzebuerger Futtballprofien an der 1. an 2. Bundesliga, Laurent Jans, Leandro Barreiro an Dirk Carlson, haten et bei der Reprise vum Championnat no der Coronapaus net einfach. Viru genee engem Mount hat dat ronnt Lieder an Däitschland, deem éischte groussen europäesche Futtballland, nees ugefaangen mat rullen. Déi dräi rout Léiwen haten hir Stammplaz awer nees verluer.

Holtz iwwer Bundesligaprofien / Reportage Franky Hippert

Virun der Ënnerbriechung duerch de Coronavirus waren déi 3, no engem schwierege Saisonoptakt, an hire Clibb zu Titulairen avancéiert. Wéi dunn an Däitschland Mëtt Mee mat engem sanitäre Konzept nees Futtball gespillt konnt ginn, haten Jans, Barreiro an Carlson an deenen zwee éischte Matcher dat nämmlecht Schicksal, si hunn nämlech Plaz op der Bänk missen huelen, dozou de Lëtzebuerger Fussballnationaltrainer Luc Holtz:

Jo et war schonn iwwerraschend dat se Allendräi [op der Bänk souzen]. A mëttlerweil ass d’Situatioun awer nees gedréit a si waren och dëse Weekend nees Titulaire, och wann d’Däitsch Medie se net an den éischten 11 gesinn haten.

Den FLF-Coach huet des Saison dann och bal all Match vun senge Jongen gesinn:

Si sinn op engem ganz interessante Wee ënnerwee, wann ee gesäit, wéi se mëttlerweil Rou ënner Drocksituatiounen hunn, ech denken do un de Laurent, awer och de Leandro mat sengem 19 Joer.

Fir d’Rout Léiwen ass et natierlech och eng gutt Saach, datt déi 3, Jans, Barreiro an Carlson, elo op deem Niveau ënnerwee sinn, esou de Luc Holtz:

Ech denken, datt dat och der Lëtzebuerger Nationalekipp entgéint wäert kommen, well sech duerch d’ Handlungsschnellegkeet a sou weider wäerte progresséieren.

An der drëtter Bundesliga ass mam Maurice Deville bei Waldhof Mannheim jo och nach e weidere Lëtzebuerger Profi an Däitschland. De Weekend elo hunn och de Lars Gerson a Schweden an de Gerson Rodrigues an der Tierkei nees mam Championnat ugefaangen.

Back to Top
CIM LOGO