BundesligaLeverkusen ass Hierschtmeeschter, Dortmund wënnt zu Darmstadt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend huet sech Dortmund ouni gréisser Problemer mat 3:0 zu Darmstadt behaapt. Fir Leverkusen gouf et eng Last-Minute-Victoire zu Augsburg.
© AFP

E Samschdeg de Mëtteg war an der 1. däitscher Bundesliga d’Suite vum 17. Spilldag. E Freideg den Owend war den FC Bayern mat enger Victoire géint Hoffenheim an dat neit Joer gestart.

Den Iwwerbléck vum internationale Futtballchampionnat fannt Dir hei.

Den Tabelleleader Leverkusen huet sech mat engem immens wichtege Last-Minute-Gol mat 1:0 zu Augsburg duerchgesat a ka sech no der éischter Hallschent vun der Saison Hierschtmeeschter nennen. Virun allem an der Ufanksphas huet d’Werkself op friemem Terrain gebraucht fir an de Match ze fannen. Trotz enger Leeschtungssteigerung ass et no 45 Minutten ouni Goler an d’Paus gaangen. Och nom Säitewiessel gouf et géint eng disziplinéiert Lokalekipp laang keen Duerchkommen. No ganze 24 Schëss op de Gol huet den Exequiel Palacios seng Ekipp dann awer erléist. Mam 1:0 an der 94. Minutt séchert den Argentinier Leverkusen déi um Enn verdéngten dräi Punkten.

Den Trainerwiessel huet dem 1. FC Köln trotz enger gudder Ufanksphas net déi gewënscht Reaktioun ginn. Am Duell géint den Opsteiger aus Heidenheim gouf et virun den eegene Spectateuren nëmmen en 1:1-Remis. D’Gäscht haten an den éischte Minutte méi vum Match, u Golchancen huet et awer op béide Säite gefeelt. No enger knapper hallwer Stonn konnt Köln da méi Drock opbauen an huet sech am Numm vum Davie Selke dann och mam 1:0 belount. Nom Säitewiessel war Heidenheim dann nees déi besser Ekipp a sou huet den Ausgläich och net all ze laang op sech waarde gelooss. An enger doropshin ausgeglachener Partie war et bis zum Schluss kengem méi gelongen en decisiven drëtte Gol ze markéieren. De Mathias Olesen stoung e Samschdeg net am Kader.

RB Leipzig huet sech misse virun den eegene Spectateure mat 0:1 géint Frankfurt geschloe ginn. Schonn no siwe Minutten war d’Eintracht duerch e Gol vum Ansgar Knauff a Féierung gaangen. Doropshin huet Leipzig da méi am Spill no vir gewisen, den Ausgläich sollt awer weider op sech waarde loossen. Och am zweeten Duerchgang war et de Leipziger net gelongen eng Äntwert ze weisen a sou hu si duerch d’Defaite de Kontakt un d’Tabellespëtzt elo fir de Moment definitiv verluer.

An den zwou weidere Partië vum Mëtteg huet Mainz mam agewiesselte Leandro Barreiro 1:1 géint Wolfsburg gespillt an UnionBerlin deelt sech zu Freiburg mat engem 0:0 d’Punkten.

E Samschdeg den Owend huet Borussia Dortmund seng Aufgab erfëllt a mat 3:0 zu Darmstadt gewonnen. An der éischter Véierelsstonn hat de BVB géint engagéiert Géigner e puer Problemer. No 24 Minutte ware si dann awer duerch e Gol vum Julian Brandt a Féierung gaangen. Vum Opsteiger ass nom Géigegol no vir ze wéineg komm, sou dass Dortmund mat enger verdéngter Paus an d’Vestiairë gaangen ass. An der zweeter Hallschent huet de Gregor Kobel dann e puer Mol missen agräifen, fir den Ausgläich fir d’Lilien ze verhënneren. De Marco Reus an de Youssufa Moukoko hunn d’Partie dann awer mat hire Goler an der leschter Véierelsstonn entscheet an déi dräi Punkte fir Dortmund geséchert.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO