Internationale Futtball Leverkusen Leader an der Bundesliga, Lille an der Ligue 1

RTL Lëtzebuerg
A Spuenien huet Barcelona knapp mat 1:0 géint Levante gewonnen an an Italien huet de Leader AC Mailand géint Parma 2:2-Gläich gespillt.
Schrecksekonn fir Schalke an de Mark Uth.
Schrecksekonn fir Schalke an de Mark Uth.
© AFP

Bundesliga

An der däitscher Bundesliga war et e Sonndeg d’Nouvelle, dass Dortmund sech no der 1:5-Defaite géint Stuttgart vum Trainer Lucien Favre getrennt huet.

Augsburg - Schalke 2:2
1:0 Serdar, Selbstgol (32'), 1:1 Raman (52'), 1:2 Boujellab (61'), 2:2 Richter (90+3')

Schalke bleift weiderhin um Wupp vun der Tabell an der Bundesliga. Nieft der sportlech ugeschloener Situatioun gouf et no nëmmen 10 Minutten eng Schrecksekonn. No engem Zweekampf tëscht dem Mark Uth an dem Uduokhai war de Schalker um Buedem leie bliwwen. De Stiermer krut nach um Terrain eng Infusioun gemaach a gouf vum Terrain gedroen. D’Partie gouf fir ronn 15 Minutten ënnerbrach. Zum aktuellen Zäitpunkt ass de Spiller awer erëm uspriechbar.

Schrecksekonn fir Schalke an de Mark Uth.
Schrecksekonn fir Schalke an de Mark Uth.
© AFP

Op sportlechem Plang sollt et no dësem Schock weiderhin net ronn lafe fir déi Kinneksblo. An der 32. Spillminutt hat de Serdar de Ball no engem Fräistouss onglécklech an den eegene Gol deviéiert.

Nom Téi konnt Schalke sech awer erëm fänken a sou war et an der 52. Minutt de Raman, deen ee Feeler vum Gruezo ausnotze konnt. Nëmmen 2 Minutte méi spéit hat Augsburg sech dann nach selwer geschwächt. Den Niederlechner hat no engem Zweekampf seng zweet giel Kaart gesinn a gouf soumat vum Terrain gesat. Schalke konnt dës Iwwerleeënheet an der 61. Spillminutt ausnotzen a sou konnt de Boujellab d’Gäscht a Féierung bréngen. Um Enn sollt et awer op en Neits net duergoen. An der Nospillzäit konnt de Richter mam Kapp fir de Remis suergen, op en Neits also ee schwaarzen Dag fir Kinneksblo, déi nieft der sécher gegleefter Victoire och de Mark Uth verletzungsbedéngt verluer hunn.

E Sonndeg den Owend huet sech de Mark Uth aus der Klinick gemellt. De Schalker hat Gléck am Ongléck. Et gouf eng Gehiererschütterung bei him diagnostizéiert. E Méindeg kann hien nees Heem goen.

Leverkusen - Hoffenheim 4:1
1:0 Bailey(4'), 2:0 Bailey (27'), 2:1 Baumgartner (49'), 3:1 Wirtz (55'), 4:1 Alario (90+1')

Am zweete Match vum Dag wollt Leverkusen sech mat enger Victoire un d’Tabellespëtzt setzen an domadder den Ausrutscher vu Bayern München vum Samschdeg ausnotzen. No nëmme 4 Minutte konnten d’Haushären dann och a Féierung goen. Mat engem super Schoss aus ronn 16 Meter konnt de Bailey de Ball laanscht de Baumann an de Filet setzen. Béid Formatioune ware beméit, offensive Futtball ze weisen. An der 27. Minutt konnt Leverkusen d’Féierung ausbauen. De Kramaric wollt de Ball bei de Baumann spillen. Dat ronnt Lieder ass allerdéngs ënnerwee erhéngert a sou konnt de Bailey de Ball offänken a säin 2. Gol markéieren.

Nom Téi goung et weiderhin hin an hier. Hoffenheim konnt fréi den Uschloss markéieren, dëst duerch ee ganz prezise Schoss vum Baumgartner aus ronn 18 Meter. D’Freet war allerdéngs just vu kuerzer Dauer. De jonke Wirtz konnt an der 55. Minutt deen alen 2-Goler-Avantage erëm hierstellen an nodeems de Grillitsch an der 64. Spillminutt seng zweete giel Kaart gesinn hat, huet villes no engem neie Leader am Championnat ausgesinn. Gutt 10 Minutte virum Enn vun der Partie sollt zu allem Iwwerfloss de Posch och seng zweete giel Kaart vum Owend gesinn, a soumat war Leverkusen 2 Mann an Iwwerzuel. Nodeems den Nordtveit an der Nospillzäit mat der Hand um Ball war, konnt den Alario aus 11 Meter fir de 4:1-Schlusspunkt suergen. Soumat ass Leverkusen neie Leader an der Bundesliga, dat fir d’éischte Kéier zanter 2014.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Crystal Palace - Tottenham 1:1
0:1 Kane (23'), 1:1 Schlupp (81')

An der englescher Premier League koum de Leader Tottenham net iwwer een 1:1-Remis géint Crystal Palace eraus. Den Harry Kane hat d’Gäscht a Féierung bruecht, dëst mat sengem 8. Gol vun der Saison. Tottenham war wuel liicht iwwerleeën, ma Crystal Palace hat gutt dogéint gehalen, a sou konnte si sech och belounen. An der 81. Spillminutt konnt de Schlupp fir seng Faarwe markéieren a sou huet Tottenham missen hoffen, dass Liverpool net gewanne géif, fir Leader ze bleiwen.

Fulham - Liverpool 1:1
1:0 Reid (25'), 1:1 Salah (79')

Duerch eng Victoire wollt Liverpool den Ausrutscher vun Tottenham ausnotzen. Liverpool war iwwer wäit Strecken déi dominant Formatioun, d’Ekipp vum Jürgen Klopp hat deelweis 75% Ballbesëtz, ma et waren d’Haushäre vu Fulham, déi a Féierung goe konnten. An der 25. Minutt konnt de Reid seng Faarwen a Féierung bréngen. Fir Fulham geet et an éischter Linn ëm wichteg Punkten an der Lutte fir de Maintien an der Premier League. Fulham konnt d’Féierung laang verdeedegen, ma um Enn sollt et awer net duergoen. An der 79. Minutt konnt de Salah den Ausgläich markéieren, ma duerch dëse Remis bleift Tottenham un der Spëtzt vum Championnat.

Arsenal - Burnley 0:1
0:1 Aubameyang (Selbstgol, 73')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Cagliari - Inter Mailand 1:3
1:0 Sottil (42'), 1:1 Barella (77'), 1:2 D’Ambrosio (84'), 1:3 Lukaku (90+4')

An der italienescher Serie A gouf et fir Inter Mailand wichteg 3 Punkten ze feieren. Nodeems de Favorit aus der italienescher Haaptstad mat 0:1 a Réckstand gerode war, hat et bis zur 77. Minutt gedauert, éiert de Barella fir den Ausgläich suerge konnt. Inter Mailand konnt den Drock duerno nach eng Kéier erhéijen a sou war et an der 84. Spillminutt den D’Ambrosio, dee seng Faarwen a Féierung brénge konnt, éiert de Lukaku mat sengem 9. Gol vun der Saison fir de Schlusspunkt gesuergt huet. Soumat bleiwen d’Mailänner och weiderhin ee Kandidat fir de Championstitel.

Atalanta - Florenz 3:0
1:0 Gosens (44'), 2:0 Malinovsky (55'), 3:0 Toloi (63')

Genua - Juventus Turin 1:3
0:1 Dybala (57'), 1:1 Sturaro (61'), 1:2 Ronaldo (78'), 1:3 Ronaldo (90')

Fir Genua goung et géint Juventus ëm wichteg Punkte fir de Maintien, d’Gäscht hunn hirersäits awer eng Victoire gebraucht, fir den Uschloss un d’Tabellespëtzt net ze verléieren. Et hat allerdéngs bis zur 2. Hallschent gedauert, éiert den Dybala de Score fir d’Gäscht opmaache konnt. D’Freed fir d’Turiner war allerdéngs net vu laanger Dauer, dëst well de Sturaro nëmme 4 Minutte méi spéit den Ausgläich markéiere konnt. Um Enn war et ee Feeler vum Nicolo Rovella am Strofraum, deen de Match entscheede sollt. De fällegen Eelefmeter konnt de Cristiano Ronaldo an der 78. Minutt verwandelen. Dëst sollt awer net deen eenzege Gol fir de Ronaldo sinn. Kuerz virum Enn gouf et no engem Feeler vum Perin op en Neits Eelefmeter an och dës Kéier konnt de Ronaldo verwandelen. Soumat bleift Juventus Turin ongeschloen am Championnat.

AC Mailand - Parma 2:2
0:1 Heranani (13'), 0:2 Kurtic (56'), 1:2 Hernandez (58'), 2:2 Hernanez (90+1')

AC Mailand huet sech e Sonndeg den Owend misse mat engem 2:2-Remis géint Parma zefridde ginn. Nodeems ee scho mat 0:2 am Réckstand louch, konnt den Hernandez duerch zwee Goler nach e leschter Sekonn ee Punkt fir seng Ekipp retten. Duerch de Remis huet den AC Mailand un der Tabellespëtzt elo nëmmen nach 3 Punkten Avance op Inter Mailand.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lille - Bordeaux 2:1
1:0 Bamba (17'), 1:1 Basic (29'), 2:1 Fonte (45')

Stroossbuerg - Metz 2:2
0:1 Bronn (35'), 1:1 Simakan (66'), 1:2 Nguette (70'), 2:2 Thomasson (78')

No engem Handspill am Stroossbuerger Strofraum gouf et an der 35. Minutt een Eelefmeter fir d’Gäscht, deen de Bronn, deen dëse verwandele konnt. D’Haushären hate wuel ee plus u Ballbesëtz, ma et waren awer d’Männer aus Metz, déi an der 50. Minutt op en Neits een Eelefmeter zougesprach kruten. Dës Kéier war et allerdéngs de Kawashima am Gol vu Stroosbuerg, dee paréiere konnt. Dës Aktioun hat d’Lokalekipp erëm an d’Spuer bruecht a sou konnt de Simakan an der 66. Minutt de verdéngten Ausgläich markéieren. Nodeems Metz duerch de Nguette 2:1 a Féierung goe konnt, war et um Enn den Thomasson, dee fir de verdéngte Remis suerge konnt.

De komplette Resumé vum Match bei de Kolleege vum 5minutes.

© AFP

PSG - Lyon 0:1
0:1 Kadewere 35'

De PSG huet sech um 14. Spilldag an der Ligue 1 misse mat 0:1 géint Lyon geschloe ginn. De franséische Champion ass doduerch an der Tabell vun der 1. op déi 3. Plaz zeréckgefall. Neie Leader ass Lille dat Punktgläich mat Lyon. De PSG huet ee Punkt Retard.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Sociedad - Eibar 1:1
1:0 Barrenetxea (20'), 1:1 Enrich (65')

Barcelona - Levante 1:0
1:0 Messi (76')

Barcelona huet sech géint Levante wichteg dräi Punkte geséchert, dat duerch e Gol vum Messi an der 76. Minutt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO