
Bremen - Stuttgart 2:1
1:0 Duksch (28', Eelefmeter), 2:0 Duksch (49'), 2:1 Undav (72')
Bremen bréngt seng Negativserie endlech op en Enn a gewënnt géint en Aspirant op eng Champions-League-Plaz. Obwuel d’Gäscht méi vum Match an och déi méi geféierlech Golchancen haten, ass Bremen mat enger Avance an d’Kabinne gaangen - den Duksch hat per Eelefmeter getraff. De selwechten Duksch sollt nom Säitewiessel nach eng Kéier de Ball am Filet ënnerbréngen, wat Bremen déi néideg Liichtegkeet ginn huet. Stuttgart huet sech awer net opginn a koum duerch den Undav nach zum Uschloss, dat war awer ze spéit.
Dortmund - Leverkusen 1:1
1:0 Füllkrug (81'), 1:1 Stanisic (90'+7)
Leverkusen kann dës Saison einfach net verléieren. Den neien däitsche Meeschter hat an der éischter Hallschent wuel méi Ballbesëtz, koum awer net duerch d’Dortmunder Verdeedegung. De BVB huet wéi an de leschte Matcher schonn op Kontere gelauert. Och am zweeten Duerchgang huet sech de Spectateure laang dat selwecht Bild gewisen, éier de Füllkrug aus dem Näischt den 1:0 geschoss huet. Leverkusen wollt seng Serie vu 44 ongeschloene Matcher natierlech ausbauen a koum an der Nospillzäit nach zum verdéngten Ausgläich.
Freiburg - Mainz 1:1
1:0 Gregoritsch (6'), 1:1 Burkardt (40')
No der fréier Féierung huet Freiburg ze wéineg an de Match investéiert. Déi formstaark Mainzer hunn um Enn vun der éischter Hallschent méi Drock gemaach a koumen zum Ausgläich. De Remis ass um Enn gerecht, och well Freiburg ee Punkt am Kampf ëm déi international Plaze krut a Mainz duerch de Punkt elo op enger Netofstigsplaz steet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Fulham - Liverpool 1:3
0:1 Alexander-Arnold (32'), 1:1 Castagne (45'+2), 1:2 Gravenberch (53'), 1:3 Diogo Jota (72')
An enger enker Partie goung Liverpool duerch e wonnerschéine Fräistouss-Gol vum Alexander-Arnold a Féierung, éier Fulham nach virun der Paus ausgläiche konnt. No der Paus hunn d’Reds hir Roserei an Iwwerleeënheet ëmgemënzt an direkt den 2:1 geschoss. Dës Dominanz gouf duerch en drëtte Gol confirméiert, soudass Liverpool verdéngt 3 Punkten aus London mathëlt an nees punktgläich mam Tabelleleader Arsenal ass.
Coventry City - Manchester United 3:3 / 2:4 n.E.
0:1 McTominay (23'), 0:2 Maguire (45'+1), 0:3 Bruno Fernandes (58'), 1:3 Simms (71'), 2:3 O’Hare (79')
Et hat laang Zäit no enger klorer Victoire fir de Favorit Manchester United ausgesinn. D’Red Devils hunn déi éischt Hallschent dominéiert a louche verdéngt a Féierung. Nom drëtte Gol hat ee gemengt, den Deckel wär drop, mee Coventry huet sech net hänke gelooss. Bannent 10 Minutten huet d’Ekipp aus der Championship zwee Goler geschoss a krut an der Nospillzäit nach en Eelefmeter wéinst Hands zougesprach, deen de Wright verwandele konnt. Well an der Verlängerung kee Gol gefall ass, goung et an d’Eelefmeterschéissen, wou sech Manchester United 4:2 duerchsetze konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Le Havre - Metz 0:1
0:1 Mikautadze (46')
Den FC Metz ka weider op de Verbleif an der Ligue 1 hoffen. Am Duell géint den direkten Konkurrent Le Havre huet Metz direkt no der Paus den decisive Gol geschoss a steet elo nees viru Le Havre op enger Netofstigsplaz. Den FC Metz huet elo zwee Matcher hannertenee gewonnen.
Lille - Stroossbuerg 1:0
1:0 David (12')
Brest - Monaco 0:2
0:1 Zakaria (40'), 0:2 Minamino (48')
Am direkten Duell ëm Plaz 2 huet sech Monaco souverän mat 2:0 zu Brest behaapt domat déi zweet Tabelleplaz vun de Bretonen iwwerholl.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Alavés - Atlético Madrid 2:0
1:0 Benavidez (15'), 2:0 Luis Roja (90'+2)
Nom Out an der Champions League ënnert der Woch huet Atlético Madrid och an der La Liga eng Néierlag an domat e weidere Réckschlag am Kampf ëm déi international Plaze mussen astiechen. De Réckstand op Girona läit elo bei 7 Punkten.